Coppélia – Eng ongewéinlech Popp (Fir Kanner)
Feb
2027
10h30

Coppélia – eng ongewéinlech Popp
Spektakel fir Kanner vun 3 bis 8 Joer an déi ganz Famill | Sprooch op LU
Wat, wann eng Popp esou lieweg wier, datt ee mengt, si kéint danzen, laachen – a vläicht esouguer Léift empfannen? Eng Popp, déi sou echt ausgesäit, datt een sech an si kéint verléiwen?
An dëser zauberhafter Opféierung erzielen eng Dänzerin, eng Erzielerin a véier Museker eng spannend Geschicht voll Iwwerraschungen – iwwer d’Swanilda, de Franz an e geheimnisvollt Meedchen um Balcon.
Mat der wonnerschéiner Musek vum Léo Delibes an enger fantasievoller Inzenéierung, an där d’Zuschauer selwer Deel vun der Geschicht ginn, entsteet e magescht Erliefnis fir déi ganz Famill.
Mat engem klengen Zwinkerlaachen, engem Hauch vu Magie – an där grousser Fro: Wat ass wierklech echt?
Programm
LÉO DELIBES (1836 – 1891)
Extraits de Coppélia, ballet en 3 actes
Museker & Artisten
CATHY HEIDT, Gei I
RUBEN DORNEANU, Gei II
SUSANNE MARTENS, Braatsch
MARIO VANDERLINDEN, Cello
DOMINIQUE STEINER, Konzept & Erzielerin
MAÏTÉ MARGUE, Dänzerin
SISSY MONDLOCH, Dänzerin
Tickets & Info :
www.khn.lu
En coproduction avec :
