D’Sila Zauriloku rett den Zauberbësch

28
Mar
2024
Prabbeli Wiltz


© Marc Jacoby

Musikalescht Märche fir Kanner | op LU | 5-9 Joer | Cycles 1+2+3

Déif am märchenhafte Rinkelrankelland, tëschent dem gielen Hunnegmier an dem groen Niwwelsumpf, ass de groussen Zauberbësch. Hei wunnen onmoosseg vill Zauberwiesen. An der Mëtt vun dësem Märchebësch steet ee groussen, faarwege Bam. D’Zauberwiesen am Bësch wëssen, dat all Blat eng eegen Zauberkraaft huet. Mee just de Bam weess, wéi eng Magie genee a senge Blieder stécht. De Bam huet ee schlëmmen Dram, deen ëmmer rëmkënnt an him ze verstoe gëtt, dat de ganze Bësch a seng Awunner a Gefor sinn. Mee wat soll hie nëmme maachen? Mat sengen déiwe Wuerzele kënnt hie net vun der Plaz a kann de Bësch net schützen. Dem Bam seng beschte Frëndin, d’Sila, eng Zauriloku,mécht sech op de Wee fir ze hëllefen. Hat well erausfannen, wéi een de Bësch rette kann. De Bam gëtt him zum Gléck och dräi Zauberblieder mat. Ob d’Sila d’Zauberwelt mat Zäite rette kann?

MUSEK AUS FOLGENDE WIERKER:
CLAUDE DEBUSSY – Sonate no 2
Flütt, Braatsch, Harf
HARALD GENZMER – Trio
Flütt, Braatsch, Harf
SOFIA GUBAIDULINA –
Garten von Freuden und Traurigkeiten
Flütt, Braatsch, Harf
THÉODORE DUBOIS – Terzettino
Flütt, Braatsch, Harf
LADISLAS ROHOZINSKI – Suite brêve
Flütt, Braatsch, Harf

KATHARINA MERZ & JENNY SPIELMANN Konzept
JENNY SPIELMANN Erzielerin
CATHERINE HENGESCH Schauspill
ANIELA STOFFELS Querflütt
SOPHIE URHAUSEN Braatsch
CHANEL PERDICHIZZI Harf

JEUDI
28|03|2024
10h00 et 14h30 Prabbeli Wiltz
uniquement représentations scolaires