Kichegerabbels (Jeune public)
Apr
2027
16h00

Kichegerabbels
Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel | 6-10 Joer | LU | 50min
Kuckt hei den TRAILER !
Kuckt den Reportage RTL
Nu kuck, an opeemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!
Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitasen schwieft e klengt Zockerdëppechen duerch eng fantastesch Welt: Nossknacker, déi danzen, Jhellis-Téikäpp, déi am
Däischtere liichten…et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen toxkäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen…..
“Kichegerabbels” verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung an erzielt op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn.
Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.
« Relaxed Performance » : Wat ass dat ?
Eng Relaxed Performance riicht sech un e Publikum, dee vun enger inklusiver an entspaanter Atmosphär ronderem a wärend engem Bünespektakel profitéiert, besonneg u Mënschen mat spezifesche Besoin’en, zum Beispill mat enger kierperlecher oder kognitiver Behënnerung, mat Konzentratiounsschwieregkeeten, Angschtstéierungen oder och chronescher Péng. De Begrëff dréckt aus, dass all eenzelne Mënsch am Theater -oder Kulturraum Wëllkomm ass, ouni iwwert séng perséinlech Grenze mussen eraus ze goen. De Begrëff gëtt ausserdem och fir Virstellunge fir ganz kleng Kanner an hier Eltere benotzt.
Zu de Méiglechkeete vun enger Relaxed Performance kënnen e.a. gehéieren: méi Beweegungs- an Expressiounsfräiheet, en adaptéiert Toun- a Beliichtungskonzept, eng individuell Betreiung virun a wärend der Virstellung, Réckzuchs-Uerter an eng detailléiert Informatioun am Viraus.
Programm
BOHUSLAV MARTINU (1890 – 1959)
La Revue de Cuisine, H. 161
Museker & Artisten
Kopla Bunz :
ELA BAUMANN, Regie
BETSY DENTZER, Erzielung an Objetsmanipulatioun
KRISCHAN KRIESTEN, Luuchtendesign
VALENTINA BECKER, Make-up Artist
MARKO MLADENOVIC, Accessoires
PIERA JOVIC, Regieassistenz
LAETITIA LANG, Theaterpedagogik
AUDREY DERO, Bléck vu baussen
Kammerata Luxembourg :
SANDRINE CANTOREGGI, Gei
TOM FELTGEN, Cello
STEPHAN KRONTHALER, Klarinett
PIERRICK DEMOISY, Fagott
JEFF MACK, Trompett
BÉATRICE RAUCHS, Piano
Tickets & Info :
www.cube521.lu
tél : +352 521 521
En coproduction avec :




Avec le soutien précieux de :



