MusicDays – Kinnekskannerschoul (Jeune public)
Nov
2026
9h30 & 11h15

Kinnekskannerschoul
D’Jacquetta vu Lëtzebuerg invitéiert op d’Schlass (Fir Kanner vun 6-11 Joer)
Eng speziell Invitatioun vir d’Kanner aus dem Vollek :
Hir Kinneklech Altess, d’Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg,
huet d’Éier, Iech häerzlech an d’Veianer Schlass anzelueden.
« Als Prinzessin bereeden ech mech op mäi Bestietnes vir, an op eng Rees an England oder Frankräich, wou ech geschwë mäin neit Liewen ufänke wäert. Do virdru gëllt et awer nach e puer Saachen ze léieren a wichteg Froen ze klären: Wat muss ech als Prinzessin am 15. Joerhonnert alles kënnen? Wat dierf ech selwer decidéieren? A wéi gesäit d’Zukunft fir Kanner an Kinnekskanner aus? »
An enger Rei vu sechs musikalesche Lektiounen, begleet vun hirer Schlass-Band Kammerata, an zumools mat ärer Hëllef, léif Kanner aus der Zukunft, wëll d’Jacquetta dëser Saach op de Grond goen, fir datt si prett ass fir de Sprong an d’Liewen.
Dir sidd also héiflechst invitéiert op dëse besonnesche musikalesche Rendez-vous. Kommt pünktlech, gutt gelaunt a mellt iech un !
Museker & Artisten
CATHERINE KONTZ, Musek
SL GRANGE, Geschicht an Text
MILLA TRAUSCH, Erzielerin
SANDRINE CANTOREGGI, Gei
JEANNOT SANAVIA, Kontrabass
ROMAN ZAREMBA, Trompett
SIMONE WEBER, Bassklarinett
BERTI BÖHM, Perkussioun
Tickets & info :
www.musicdays.lu
info@castle-vianden.lu
tél : 83 41 08 1
Kinnekskannerschoul : 12 € | < 12 ans : 5 €
Le festival MusicDays Vianden est organisé par Kammerata Luxembourg asbl.
En collaboration avec :

Avec le soutien de :

