Kichegerabbels (Tout public)
Mar
2026
17h00
Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel (Narration en LU ; Durée : 50min)
Wat geschitt, wann d’Kachdëppen e bësse jalous gëtt? Wann de Schnéibiesem sech net aus dem Tirang traut? A wann den Deckel an de Läffel ufänken, sech Geheimnisser ze erzielen?
Bei Kichegerabbels gëtt d’Kichen zur Bün: Alldagsgéigestänn erwäschen zum Liewen a verstrécke sech an droleg Geschichte vu grousse Gefiller, klenge Mëssverständnisser a gelungene Situatiounen.
Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op dës Objet’en, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken. Duerch d’Zesummespill vun Toun, Rhythmus a Beweegung kritt all Géigestand seng eege Stëmm a Roll.
Inspiréiert vum Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů verbënnt dës Produktioun Kammermusek, Objetstheater an Erzielung op eng spilleresch a visuell Aart a Weis. Kichegerabbels gëtt och als Relaxed Performance gespillt a baut domadder Barrièren of.
Programme
BOHUSLAV MARTINU – La Revue de Cuisine, H. 161
clarinette, basson, trompette, violon, violoncelle et piano.
Musicians & Artists
Kopla Bunz:
Ela Baumann, Regie
Betsy Dentzer, Erzielung & Objetmanipulatioun
Kammerata Luxembourg:
Sandrine Cantoreggi, Gei
Pierre Fontenelle, Cello
Stefan Kronthaler, Klarinett
Pierrick Demoisy, Fagott
Jeff Mack, Trompett
Béatrice Rauchs, Piano
Information & Tickets :
www.trifolion.lu
tél : +352 26 72 39-500
En coproduction avec :
Avec le support de :