Kichegerabbels (Tout public)

26
Mar
2026
17h00
Trifolion - Echternach

kammerata-koplabunz-2026-kichegerabbels-cuisine

Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel (Narration in Luxembourgish ; Duration : 50min)

Nu kuck, an opeemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn! 

Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitasen schwieft e klengt Zockerdëppechen duerch eng fantastesch Welt: Nossknacker, déi danzen, Jhellis-Téikäpp, déi am 

Däischtere liichten…et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen toxkäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen…..

“Kichegerabbels” verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung an erzielt op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn.

Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op  Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.

kammerata-2025-kichegerabbels
(c) Bohumil Kostohryz

Program

BOHUSLAV MARTINU – La Revue de Cuisine, H. 161 
clarinet, bassoon, trompette, violin, cello and piano. 

Musicians & Artists

Kopla Bunz:

Ela Baumann, Regie
Betsy Dentzer, Erzielung an Objetsmanipulatioun
Krischan Kriesten, Luuchtendesign
Valentina Becker, Make-up Artist
Marko Mladenovic, Accessoires
Piera Jovic, Regieassistenz
Laetitia Lang, Theaterpedagogik
Audrey Dero, Bléck vu baussen

Kammerata Luxembourg: 
Sandrine Cantoreggi, Gei
Tom Feltgen, Cello
Stefan Kronthaler, Klarinett
Pierrick Demoisy, Fagott
Jeff Mack, Trompett
Béatrice Rauchs, Piano 

Information and Tickets :

www.trifolion.lu 
tél : +352 26 72 39-500 

 

In coproduction with : 

            

With the support of : 

Logo ministere de la culture lux

    loutsch-weydert-fondation    fondation-indepedance-logo