Kichegerabbels (Tout public)

26
Mar
2026
17h00
Trifolion - Echternach

kammerata-koplabunz-2026-kichegerabbels-cuisine

Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel (Narration en LU ; Durée : 50min)

Wat geschitt, wann d’Kachdëppen e bësse jalous gëtt? Wann de Schnéibiesem sech net aus dem Tirang traut? A wann den Deckel an de Läffel ufänken, sech Geheimnisser ze erzielen? 

Bei Kichegerabbels gëtt d’Kichen zur Bün: Alldagsgéigestänn erwäschen zum Liewen a verstrécke sech an droleg Geschichte vu grousse Gefiller, klenge Mëssverständnisser a gelungene Situatiounen. 

Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op dës Objet’en, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken. Duerch d’Zesummespill vun Toun, Rhythmus a Beweegung kritt all Géigestand seng eege Stëmm a Roll. 

Inspiréiert vum Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů verbënnt dës Produktioun Kammermusek, Objetstheater an Erzielung op eng spilleresch a visuell Aart a Weis. Kichegerabbels gëtt och als Relaxed Performance gespillt a baut domadder Barrièren of. 

Programme

BOHUSLAV MARTINU – La Revue de Cuisine, H. 161 
clarinette, basson, trompette, violon, violoncelle et piano. 

Musicians & Artists

Kopla Bunz:
Ela Baumann, Regie
Betsy Dentzer, Erzielung & Objetmanipulatioun 

Kammerata Luxembourg: 
Sandrine Cantoreggi, Gei
Pierre Fontenelle, Cello
Stefan Kronthaler, Klarinett
Pierrick Demoisy, Fagott
Jeff Mack, Trompett
Béatrice Rauchs, Piano 

Information & Tickets :

www.trifolion.lu 
tél : +352 26 72 39-500 

 

En coproduction avec : 

            

Avec le support de : 

Logo ministere de la culture lux