Kichegerabbels (jeune public)

10
Jun
2027
Kinneksbond Mamer

Kichegerabbels

Musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel | 6-10 Joer  | LU | 50min

Kuckt hei den TRAILER !

Kuckt den Reportage RTL

Nu kuck, an opeemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn! 

Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitasen schwieft e klengt Zockerdëppechen duerch eng fantastesch Welt: Nossknacker, déi danzen, Jhellis-Téikäpp, déi am 

Däischtere liichten…et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen toxkäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen…..

“Kichegerabbels” verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung an erzielt op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn.

Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op  Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.

 

« Relaxed Performance » : Wat ass dat ?

Eng Relaxed Performance riicht sech un e Publikum, dee vun enger inklusiver an entspaanter Atmosphär ronderem a wärend engem Bünespektakel profitéiert, besonneg u Mënschen mat spezifesche Besoin’en, zum Beispill mat enger kierperlecher oder kognitiver Behënnerung, mat Konzentratiounsschwieregkeeten, Angschtstéierungen oder och chronescher Péng. De Begrëff dréckt aus, dass all eenzelne Mënsch am Theater -oder Kulturraum Wëllkomm ass, ouni iwwert séng perséinlech Grenze mussen eraus ze goen. De Begrëff gëtt ausserdem och fir Virstellunge fir ganz kleng Kanner an hier Eltere benotzt.

Zu de Méiglechkeete vun enger Relaxed Performance kënnen e.a. gehéieren: méi Beweegungs- an Expressiounsfräiheet, en adaptéiert Toun- a Beliichtungskonzept, eng individuell Betreiung virun a wärend der Virstellung, Réckzuchs-Uerter an eng detailléiert Informatioun am Viraus.

 

Programm 

BOHUSLAV MARTINU (1890 – 1959)
La Revue de Cuisine, H. 161

 

Museker & Artisten

Kopla Bunz :
ELA BAUMANN, Regie
BETSY DENTZER, Erzielung an Objetsmanipulatioun
KRISCHAN KRIESTEN, Luuchtendesign
VALENTINA BECKER, Make-up Artist
MARKO MLADENOVIC, Accessoires
PIERA JOVIC, Regieassistenz
LAETITIA LANG, Theaterpedagogik
AUDREY DERO, Bléck vu baussen

Kammerata Luxembourg :
SANDRINE CANTOREGGI, Gei
TOM FELTGEN, Cello
STEPHAN KRONTHALER, Klarinett
PIERRICK DEMOISY, Fagott
JEFF MACK, Trompett
BÉATRICE RAUCHS, Piano

 

Tickets & Info :

www.kinneksbond.lu
info@kinneksbond.lu
T. (+352) 263 95 – 100

 

In coproduction with:

 

With the precious support of :

loutsch-weydert-fondationfondation-indepedance-logo

Tickets